Avex

Iwwert Avex: An den AvEx geet et drëms fir ëmmer méi u Selbstännegkeet ze gewannen a fir sech an anerer Verantwortung ze iwwerhuelen. Déi Jugendlech ginn ëmmer méi an de Choix, d’Organisatioun an d’Ausféierung vun den Aktivitéiten agebonnen, getrei dem Motto vum Baden Powell “Ask the boy/girl”. Och de Prinzip vum “learning by doing” gëtt an den AvEx groussgeschriwwen, well een doduerch ëmmer rëm nei Saache léiert an iwwert sech erauswuesse kann. Mir probéieren eis Versammlunge fir déi Jugendlech sou flott ewei méiglech ze gestalten, an dobäi steet Spaass un éischter Stell. Och op Weekender, Sortien an um alljäerleche Summercamp erliewe mir onvergiesslech Momenter zesummen.

Alter: 11-14 Joer

Auerzeiten: Sa. 10:00-12:00

Branchenchef: Zoë Frenay

Cheffen: Martin Kemp, Felix Thies, Louis Schneider, Philippe Gasché, Jo Arendt, Sam Kirsch

Kontakt: avex-chef@aischener-scouten.eu

Fotoen: