Veräinschronik

1934

Et wo den 1. Januar 1934 wei 22 Jongen de Grondsteen fir eise Veräi geluecht hunn. Hëllef dobäi kruten si vum deemolege Paschtouer Kipgen. Hien huet sech wei e Papp em den jonken Scoutsgrupp gekëmmert, sief et mat gudde reit, sief et wann finanziell  Schwieregkeeten opgetraff sinn. Et wo hien den seng Stuff a spéider säin Keller als éischt Versammlungslokaler zu Verfügung gestallt huet wei och den den dënn éischten Veräin- a Lagerfeier kaaft huet.

Am Mee wo et den éischten Camping an der Giëcher, zesumme mat den Péitenger an Escher Scouten.

1935

Dass de Scoutismus d’Jugend begeeschtert huet, beweist, dass d’Memberszuel scho vun 22 ob 37 geklommen ass. Frëndschafte si geschloss ginn mat aneren Gruppen aus dem Land, an Äische war op all Reunioun vum Verband vertrueden. Et war och an deem Joer am Abrëll wei ee Wëllefchers-Ruddel, mat 30 Jonge gegrënnt gouf.

Fir d’Keess opzebesseren ass och Theater gespillt gi, an am Mee deen éischte Camping ënner eegenen Zelter ofgehale gi.

1936

An dësem Joer gouf eng Sportséquipe opgestallt. Zu dem Zweck ass fir d’Dauer vu 6 Joer ee Basketballfeld am Duerf gelount a vun de Memberen an d’Rei bruecht gin. D’Sportsequippe huet ennert anerem op engem Fest zu Béiwen un der Atert deen éischte Präis kritt.

1937

D’Memberszuel war liicht zréck gaangen a zwar ob 28 Scouten an 31 Wëllefcher war et am Juli déi éischt Bedeelegung um National-Rallye zu Schëffleng

1938

Duerch den Asaz vun de Cheffen an der Mathëllef vun de Jonge war vill geleescht gi, an als Unerkennung gouf dem Äischener Ruddel vum Verband Éiere Mast fir ee Joer iwwerreecht.

Am August huet eng Delegatioun vun de Scouten um Jamboree zu Esch deelgeholl

1939

Ee Joer voll Aktivitéit fir den Trupp. D’Memberszuel ass erëm ob 31 Scouten a 35 Wëllefcher gewuess.

Den 30. Abrëll ass eng Reunioun vun de Cheftainen a Chef vun de Wëllefcher aus dem ganze Land zu Äischen als Virbereedung ob de Rallye ofgehale ginn.

Den 25. Juni: National-Rallye zu Äischen. 400 Cheftainen, Chef a Wëllefcher hu matgemaach beim grousse Ritterspill zu Clairefontaine.

Den 23.Juni: Onofhängegkeetsfeier. Och eis Trupp war mat engem Won deen eng Buerg duergestallt huet um Ëmzuch bedeelegt.

1940-44

Trotz der Onsécherheet duerch den 2. Welt Krich waren am Ufank vum Joer reegelméisseg Versammlungen, och nach iwwert den 10. Mee ewech. Am August ass de Grupp zwangsopgéleist ginn. an et gouf gerett wat ze retten war. Besonnesch als Jugendveräin ass eis Trupp schwéier getraff gi. Vill vun de Jongen sinn hirer Devise „der Heemecht ze déngen“ trei bliwwen an hunn an der Resistenz viru geschafft. Aner hunn hiert Versprieche bis an den Doud héich gehalen. Wärend dëser onglécklecher Zäit hu mir 10 vun eise Jongen verluer. Sie sollen eis ee Virbild bleiwen, a mir wëlle si an déiwer Erënnerung behalen.

1944

Gläich no der Liberatioun hunn och erëm Scoutsaktivitéiten ugefaange. Schonn am Oktober sinn déi éischt Versammlungen ofgehale gi. De Scoutsgeescht war ongebrach, a gläich zu Ufank huet de Grupp 29 Member gezielt. Zwar si wärend der Ardennen-Offensive d’Aktivitéiten erëm e wéineg méi lues virugaangen, mee

1945

sollt dann ërem een definitiven Ufank gemaach gin. Am August war dem éischte Camping zu Käerch, a fir d’Finanzen opzebessere gouf am November Theater gespillt.

1946

D’Aktivitéiten hunn nëmmen lues a lues erëm ugefaangen, well et an deem Ablack u Chef gefeelt huet. Verschidde Jongen hun d’Chef-Formatioun matgemaach. De 24 Mäerz hate mir eng Gedenkmass fir eis am Krich verstuerwe Scoutsbridder.

1947

Op Grond vu enger gudder Finanzsituatioun konnten am Abrëll nei Zelter an e Fändel ugeschaaft gin. Am August hu véier Member um internationale Jamboree zu Moisson bäi Paräis deelgeholl.

1948

Vum 26. Juli bis 4. August waren 3 Scouten um Jamboree zu Bouneweg derbäi. Uschléissend waren éisterräicher Scouten 8 Deg a Scoutsfamiljen zu Äischen an Habscht ënnerbruecht.

Den 28. November war nach eemol eng Versammlung vun der Wëllefchersbranche aus dem Süde bei eis.

1949

Am Mee, an zwar vum 6. bis den 12. , hun d’Rover an der Schwäiz ee Wandercamp ofgehalen. Am Oktober hu mir dann eng Bibliothéik opgemaach, woujidderee fir ee klenge Betrag konnt Bicher ausléinen. D’Hëllef vumAumônier Kipgen huet net wéineg zu dëser Entreprise bäigefroen.

1950

Vum 16. bis 23. Juli haten 8 Rover ee Camp volant mat de Veloën durch Holland.

1951

Den 10. Mee – Doud vum Aumônier Kipgen, dem Matgrënner vum Veräin, deem mir fir all Hëllef a Rot e grousse Merci soën. Bei der Installatioun vum neien Aumônier Gricius, den 2. September waren eis Mêmberen gläich bei Hand fir matzehëllefen. Fir ee Monument, fir dei Jongen, déi am Krich gefall sin, kënnen opzeriichten, an duerfir déi néideg Suën zusummenzekréien, haten d’Duerfveräiner beschloss Theater ze spillen. Och hei hun 3 vun eise Member aktiv matgehollef. Déi öischt Virstellung war op Krëschtdag.

1952

De 25. Mee, Bedeelegung vun eiser Sektioun bei der Aweiung vum Monument. Op Wonsch vu verschidee Member gouf een 2. Wandercamp an der Schwäiz gemaach.

1953

Mat vill Méi a Käschten hu mir d’Theaterstéck „Die Kammerzofe Robespierre’s“ gespillt. De Succès war esou grouss, dass mir bei deenen 2 Opféierungen de Sall struppvoll haten.

1954

Vum 27. bis den 30. Juni hun d’Rover and d’Chef mat hiren Fraen eng Rees mam Bus an d’Schwäiz gemaach.

1955

Well kee Camp gehale gouf, war et een Tour mat de Scoutselteren op Bitburg an Tréier, wou mir d’Gäertnerei Lambert besicht hun.

1956

Wann nët emmer op d’Scoutsaktiviéiten higewise gët, sou si si dach awer nit zum kiertze komm. An dessem Joer ass och kee Camp gehale gin.

1957

Am August war erëm ee Camp an engem Blockhaus vun de Wolzer Scouten.

1958

De 27 Juli gouf et een Tour ob Verdun mat Besichtigung vun der Emgéigend.

1959

Ouni vill Opwand as de 25. Gebuertsdag an der Trupp gefeiert gin. Des weidere waren d’Scouten un der Renovéierung vun der Renterter Kapell bedeelegt. Vum 16. bis de 24 August haten d’Rover e Camp volant an der Schwäiz

1964-65

Eisen éischte Chalet gëtt gebaut an ageweit ginn den eis bis an 2010er Joren trei dengschter gelëscht huet. Um Chalet gouf den 1. an den 2. Mai en éischten Weekend gemaach. Versammlungen goufen no Vollendung vum Chalet reem reegelméisseg gemaach.

1984

Äischener Scouten feieren 50 Joer, zu dësem Ulass geet e kleng bischelchen iwwert Äischener Scouten rausbruecht.

2005

war en moert Joer vir eisen Grupp well en nach zu 4 Pio an 1 Chef bestanen huet. Den Courage an d’Motivatioun vun deen Jongen di duerch Duerf gezunn sinn fir „al Chef“ sichen ze goen an den Scoutsgrupp erëm opzebauen huet dozou gefouert dat 2007 den Grupp rëm mat all branch vertrueden war.

2017

Äischener Scouten ginn ob den GoUrban, engem internationalen Scouten camp um Kierchbierg an der Stad.

2018

Deen eis säit 1964 dengenden Chalet gëtt no 54 Joer ersat an Aarbechten fir en neien Chalet ginn an d’Weeër geleet

2020

Duerch den Ausbroch vun Covid an den do duerch resultéierenden Lockdown goufen et fir eng kuerz zéit keng reegelméisseg Versammlungen mäi. Mais ganz no der Devise: „Ëmmer bereet“ sinn eis Scouten fir Eller leit fir déi Corona Krankheet mäi geféierlech ass Akäff maachen gaangen.

2021

Den aller éischten Buergbrennen Livestream fënnt statt fir trotz der Kontakt Beschränkung der Traditioun trei ze bleiwen. Den neien Chalet ass fäerdeg gebaut.

2023

Um 11 Mäerz gouf dunn eisen neien Chalet an uwiesenheet vun der gemeng an aneren Scouten aus dem ganzen Land vum Verband duerch duerchtrennen vun engem seel mat enger Aaxt ageweit.