Wichteg Datumer:


23. Juni 2012 Nationalfeierdag
Infos feelen nach

30. Juni 2012 Een Dag an der Natur
10h zu Clairefontaine
Weider Infos méi déif an der Newsletter

14 Juli 2012
Schaffdag um Chalet

13 Juli 2012
Assemblée générale
Äischener Guiden a Scouten a.s.b.l.

15. August 2012
Äischdalltrail


Summercamps

15.−24. Juli 2012
Summercamp CaraPio

16.−30. Juli 2012
Roverway Finnland

6.−16. August 2012
Summercamp AvEx

20.−24. August 2012
Summercamp Wëllef


Äppelfest 2012

15. September 2012
14h00−17h00 Äppelrafen
(alles ab CaraPio)

22. September 2012
14h00−17h00 Äppelrafen (all)

29. September 2012
14h00−17h00 Äppelrafen (all)

6. Oktober 2012<
Opriichten

7. Oktober 2012
Äppelfest





D'Wëllefcher sin schon umgaang hieren neien Sall ze dekoréieren




Wann der dësen Newsletter weiderhin wëllt per mail erhalen, da schreiwt iersch w.e.g. hei an d'Mailing−lëscht an.




Et sinn nach T−shirten vun 75 Joer Äischener Guiden a Scouten do. Interesséiert, da klick hei fir weider Infos





Eis Taasen sin fir 5€ ze kréien. Fir weider Infos hei klicken oder bei engem Chef nofroen




Presentatioun Schoul

No langem hin an hir sin mir endlëch geplënnert an zwa an déi "al Schoul" direkt ënnert dem Chalet, do wou d'Elteren ëmmer geparkt hun fir d'Wëllef oder d'AvEx respektiv CaraPio erauszelossen wann se erop bei de Chalet getrëppelt sin well jo uewen keng Plaatz ass fir ze dréinen. 3 ganzer Deeg hun mir all Kreemchen op dem Christian seng Remorque oder a soss engem säin Auto getesselt an erof an d'Schoul gefouert, wou elo alles wonnerbar geraumt an eisen neien Schierf läit, déi mir vum Tom a Romain Pepin bei enger Raumaktioun kritt hun. Nach eng Kéier en grousse M−E−R−C−I un all déi Leit déi eis sou gut ugepaackt hun bei deser Plënneraktioun!


De Botzplang hänkt op der Toilette, och wann keen Pabeier méi am Spender ass, huet trotzdem een ënnerschriwen dass alles OK ass. D'Schierf déi firun engem Mount nach schéin propper geraumt waren gesinn elo och schon net méi esou geraumt aus. D'Säll fänken un Farf ze kréien an Samschdes Mettes souwuel wéi Samschdes Owes ass an de versammlungen an der "aaler Schoul" sou richteg eng lass, a mam Club des Jeunes ass och schon geschwaat gin, dass mir gudd lanschteneen kommen.


Et kann een soen dass mer eis sou richteg gudd ageliewt hun an eng gudd Léisung vun der Gemeng ugebuede kruten nodeems an eisem Chalet am Wanter d'Heizung gefruer war an d'Waasser an de Réier sech um Buedem breed gemach huet! Durfir der Gemeng op dëser Plaatz och nach eng kéier en riesen groussen M−E−R−C−I dass mir e puer Säll an der "aaler Schoul" an usproch konnten huelen. Wann dir wëllt kennt dir gären eng kéier lanschtkommen wann dir elo firfitzeg gi sidd wéi et dann elo ausgesäit an der "aler Schoul". Bis dohin...

De Reporter








Summercamp Wëllefcher

Wéi all Joer gin och d'Wëllefcher rem op en Summercamp. Dëst Joer sin mer vum 20ten bis 24ten August an der Géisserei, zesummen mat Esch/Grenz an Housen. Thema vum Camp ass "Shrek 1-Der tollkühne Held" an et sin flott Aktivitéiten virgesinn wéi zum Beispill Schwammen, en Rally an nach vill aner Iwerraschungen. D'Wëllefcher, déi mat gin, invitéieren hier Elteren den 24ten August um 13:00 Auer op eng Grillade a sollen bei desen Geleegenheet och vun hieren Elteren mat heem geholl ginn. D'Wëllefcherchefen sin schon um Plangen a sin voller Viirfreed op den Camp.

Lynn




Réckbléck op den Wëllefchersrallye

Den 20. März sin mir Wëllefcher op e Rallye op Lëlz gefuer.
D'Spiller hun mir gudd gefall an d'Wieder war baal déi ganzen Zäit schéin. Um Solarboot goufe mir vill iwwert de Stau gewuer an et huet ons Spass gemaach mam Wassertaxi ze fueren. D'Froen waren witzeg awer och schwéier.
Virun de Spiller missten mir emmer waarden, waat eng gudd Paus war, mä awer och heinsdo langweileg. D'Spiller hätt ech gären e besschen méi laang gespillt, mä den Zeitlimit war ze kuerz!
Am Nometten ass et dunn erem mam Bus heem gangen, deen ech awer nët esou ganz gudd vedroen hat!
Am Groussen an Ganzen war et en flotten Daag en e coolen Rallye! Merci.

Lisa


Et war e ganz schéinen Dag an et war eigentlech naischt waat mir guer nit gefall huet. Et war schéin, de ganzen Dag an der Natur ze sin an de Stau ze gesin. Dat Monster war ganz witzeg. Mam Solarboot ze fueren war cool an d'Spiller hu mir och gudd gefall, besonnesch d'Kranespill.

Chris N.


Den Rally huet mir ganz gutt gefall well mir konnten vill Spiller madeneen machen. Et war och gutt warm. D' Tarzanspill war mein Lieblingsspill. Wat mir net esou gutt gefall huet as dat ech gefall sinn, mee dat as kengem seng Schold!!
Ech well fir ëmmer an den Scouten bleiwen.

Tya


Et war e bessen schuet dass keng Eröwnungsschou am Ufank war. Soss war awer alles flott. Et war alles flott organiséiert an Solarboot fueren war och flott. Et war gudd dass et net vill gereent huet. Den ganzen Tuer war och flott an dei enzel Posten a Spiller.
Et war eng gudd Iddi dass all Trupp huet missen e Sketch oder sou eppes virweisen.
Bei dem géien Hang hätt kënnen e Seel ugemach sin, da wieren manner Kanner gefall oder gerutscht.
Et war net esou gudd, dass en fir d'Ofschlossfeier d'Schung huet missen ausdoen, an dass déi dunn all beienneen louchen, an dunn huet jiddereen ganz laang gesicht fir seng eremzefannen.

Felix




Summercamp AvEx


Dëse Summer verbrénge mir den AvEx − Summercamp vum 6. bis den 16. August 2012. Zesummen matt de Sandweiler ginn déi Äischener an den Elsass a Frankraich.
Den 6. August moies fiert den Dominique, matt engem Bus, matt 3 Äischener Avex, 3 Äischener AvEx − Chefen, 17 Sandweiler AvEx an 4 Sandweiler AvEx − Chefen op Soultzeren am Elsass.
Hei wärte mir 10 Deeg zesumme verbréngen wärend deenen mir vill waerten erliewen. Thema vum Camp ass "AvEx vs. Wild". Um Programm stinn vill verschidden Aktivitéiten wärend deenen mir Survival Techniken entdecken. Mee och vill Spiller, Atelieren, ee flotten Hike, Veilléen, Nuetsspiller, Besichtegungen, Fraizait a villes méi ass firgesinn!
Loosst iech einfach iwweraschen well mer waerten secher eng ganz flott Zait all zesummen erliewen ;)!

Anne




Summercamp CaraPio


D'Carapio gin dest Joer op den Wood Art Camp um Neiheischen, desen Camp ass vum 15ten bis den 24ten Juli an hei dréint sech alles ronderemt d'Holz. Weider informatiounen fann der op lgs.lu

Michel




Roverway 2012

D'RaRo hun dëst Joer d'Chance un engem internationalen Scoutscamp deel zehuelen, de Roverway 2012 an Finnland. Dëse Camp ass am géigesatz zum World Scout Jamobree nach relativ jonk (1. Roverway war 2003 a Portugal an deen 1. World Scout Jamboree war 1920 an England), en ass nëmmen op europäesch Länner bezunn (och wann een heiansdo "net Europäer" um Camp selwer begéint) an et ass ee Camp fir Scouten am RaRo-alter (17-23 Joer).
Dëse Genre vun Campen ass ëmmer esou opgebaut, dass een esou vill wéi méiglesch internationalen Kontakt huet. D.h. dass een schon an kleng Gruppen (30-40 Leit) agedeelt gëtt matt deenen een während 4 Deeg eng gemeinsam Aktivitéit ausserhalb vun der Haaptcamp-Plaaz mëscht an duerno ee gemeinsamen Souscamp deelt. All Lëtzebuerger Clanen sin an verschiddenen Gruppen agedeelt (mir Äsichener gin awer net getrennt). Dëst Joer wärt de Camp vum 20.-28. Juli sin an ënnert dem Moto "See. Feel. Follow" stoen. Mir fléien awer schon 16. Juli an kommen eréischt den 30. Juli zeréck.

Chris


Hei e puer Fotoen vum Roverway 2009 an Island.







Weider Infos op aischener-scouten.eu oder op roverway.fi.



Een Dag an der Natur

Dest Joer probéieren mir fir d'alleréischt eng nei Form vun enger gemeinsamer Aktivitéit mat aneren Gruppen. Des Aktivitéit ass net nëmmen ënnert Gruppen vun den Lëtzebuerger Guiden a Scouten (LGS) mee et helt och eng Grupp vun der FNEL (Fédération Nationale des Eclaireurs et Eclaireuses du Luxembourg) mat Deel. Dest ass déi zweet grouβ Scouts Organisatioun hei am Land. Mir wëllen mat deser Aktivitéit am Kader vum Roude Fuedem fir d'Joren 2011 bis 2014 "STAARK FIR MUER" verschidden Viruerteeler déi tescht deenen zwee Verbänn herschen aus der Welt schafen. Natierlech betrëfft des Aktivitéit all d'Branchen.
D'Aktivitéit ass den 30. Juni 2012 zu Clairefontaine an dauert een Dag. Den Ufank ass um 10h00 an d'Elteren sin um 16h00 op de Grill invitéiert. Dësen Dag kascht 12€.
Fir dass mer eist Ziel areechen därf keen eng Uniform an de Branche-Foulard undoen.


Den Montant vun 12€ sin op den compte vun den L.G.S. St. Pierre Äischen ze iwwerweisen:
BCEE LU30 0019 1655 4406 4000
Kommunikatioun: «Dag an der Natur – Numm + Virnumm vum Participant».