CaraPio

 

CaraPio ass d´Ofkierzung vu Caravellen a Pionéier, dat si Jugendlecher, Meedercher a Jongen, tëscht 14 a 17 Joer. Am Verband vun den LGS gin et zur Zäit 60 CaraPio-Truppen, mat 637 Jugendlechen an 198 Cheftainen a Chef. An deene meeschten Truppen schaffe Meedercher a Jongen zesummen, et ginn awer och nach eenzel Caravellen- a Pionéiertruppen.


D´CaraPio treffe sech eemol d´Woch an enger Versammlung fir zesummen flott Aktivitéiten z´organiséieren an duerchzeféieren. Ganz vill Wäert gët geluecht op d´Matbestëmmung, souwuel bei der Wiel a Virbereedung, wéi och beim Duerchzéien vun den Aktivitéiten. Et läit op der Hand, dass also och d´Matverantwortung an d´Engagement grouss geschriwwe ginn.

Wat mir erliewen? Am Laf vum Joer ginn en etlech Weekender zesumme geplangt an iergendwou am In- oder Ausland, am Chalet oder Zelt ofgehale. Den absoluten Héichpunkt vum Guide/Scoutsjoer ass awer de Camp, dee bei de CaraPio meeschtens am Ausland ass

D'Versammlungen sin: Samschdes vun 18 bis 20 Auer ausser an den Schoulvakanzen.

 

Artikelen

 

Déi Responsabel Cheffen sin:

Dominique KRANTZ
Ernennung als Assistent Akela, (Wellef),
Ernennung Truppechef (Carapio),
Gilwell-Formatioun 3. Ziklus,
Stagiaire Gruppechef adjoint
Lynn EISCHEN
Michel SCHMIT
Lisa NENNIG